Grënnung RC Junglinster et Syrdall

vendredi 23 mai 2014

De "Rotary Club Junglinster et Syrdall" ass gegrënnt

E Freideg, den 23. Mee 2014, ass um Beelenhaff de "Rotary Club Jonglënster a Syrdall" gegrënnt ginn. Ronn 150 Membren an Eieregäscht waren derbäi, wéi den aktuelle Gouverneur Norbert Friob d'Charta un de President vun deem neie Club, dem Pierre Weis, iwwerreecht huet. De Schäffe Mike Hagen war frou, esouvill Rotary-Membren a Frënn a senger Gemeng begréissen ze kënnen éier de Georges Calteux op d'Geschicht vun der Lënster Gemeng agaangen ass. De Guy Braas an den Norbert Friob sinn ob den Historique vun der Grëndung vum Veräin an op d'Wërter vum Rotary agaangen. Zum Schluss huet de President Pierre Weis all deenen en décke Merci gesot, déi bei der Grëndung eng Hand mat ugepaakt hunn an och de Membren, déi spontan sech bereet erkläert hunn, deem neie Veräin bäizetrieden. Duerch dës Séance huet op hir bekannte flott Aart a Weis d'Françoise Hetto gefouert.

http://www.mywort.lu/junglinster/41686157.html?lang=fr

Denis Dimmer / 24.05.2014