RIP Claude Hilbert

jeudi 3 juillet 2025

 Léif Trauergäscht,

Mir sinn Haut hei zu Mamer zesummekomm, fir engem gudde Frënd, engem léiwe Mënsch an engem engagéierte Rotarier, Äddi ze soen.

Haut ass een trauregen Dag, well de Claude war, a viller Hinsicht een aussergewéinleche Member vum Rotary Club Jonglënster Syrdall.

De Claude ass Grënnungsmember vun eisem Club am Joer 2014. An deene lëschten 11 Joer hat de Claude eng Rei offiziell Fonctiounen an eisem Club. Hien war Member vun der Commission Image publique, war eng Zäit laang Sekretär, an am Joer 2023-24 eisen President, an duerno Past President.

De Claude war, awer ouni Zweifel, vill méi ewéi dat.

De Claude Hilbert huet déi rotaresch Prinzipien net nëmme kannt, mee hien huet déi Wäerter, all Dach gelieft. Säin ganz handelen am Alldag, war no deene Prinzippien ausgeriicht. „SERVIR D’ABORD“

Een Zeeche vun sengem Engagement. De Claude huet Insigne Pol Harris Fellow mat doublem Saphir gedoen. An op déi Auszeechnung war hie besonnesch stolz.

De Claude, war ëmmer do wann hie gebraucht ginn ass. An ech kann iech soen, mir hunn hien oft gebraucht. Hie huet sech am Club, ëm Villes gekëmmt, ouni grouss Ofhiewes ze maachen. Ob eise Claude, konnte mir eis zu honnertprozenteg verloossen.

Ee puer Beispiller vu sengem Organisatioun- Talent:

Wéi mir viru puer Joer eng Marche gourmande  organiséiert hunn, huet hien et fäerdeg bruecht, duerch all senge Kontakter am HORESCA Beräich, dass mir eng Marche gourmande gastronomique offréiere konnten. Mat engem formidabele Succès.

Lescht Joer war eis 10 Joresfeier vum Club um Schlass Buerglënster. Och do war de Claude maassgeeblech an der Organisatioun bedeelegt, a schlussendlech hu mir eng aussergewéinlech Feier erlieft, déi dem Claude seng Handschrëft kloer gedroen huet.

Plangen an Ëmsetzung, vun humanitäre Projeeën, Heiheem, an an der ganze Welt, dat war dem Claude ee wichteg Uleies

Hien war keen, deen nëmmen iwwer ee Projet wollt schwätzen. Dem Claude war wichteg, dass ee Projet konkret an realistesch war, an doriwwer eraus eng direkt Verbesserung, fir déi concernéiert Leit bedeite soll. Op Nohaltegkeet vun engem Projet, huet hie vill Wäert geluecht.

Ech kann op dëser Plaz onméiglech, all Projeeën opzielen déi de Claude mat inizéiert huet. Ee roude Fuedem, konnt ee kloer, an all deene Projeeën erkennen.

Kanner a Jugendlech stounge meeschtens am Mëttelpunkt.

Seng Motivatioun war, Liewensbedingung a Liewensqualitéit vun de Kanner, op villen Platze vun dëser Welt, ze verbesseren. Och hei ee puer Beispiller.

Hien war mat Initiator, zesumme mat sengem Frënd dem Mohamed, fir eng Kollekt vun Kannerkleeder ze organiséiert, an den Maroc. Dëst no deem schrecklechen Erdbeeben an dëser Géigend.

An uschléissend ass de Claude mat puer Kolleegen mam Moto an de Maroc gefuer, fir Verdeelung vun de Kleeder op der Plaz ze coordonéieren.

Ee vun de leschte Projeeën, war sammelen vu Kannervëloen. De Claude huet iwwer Honnert Vëloen, duerch ganz Land gesammelt, an de Marokko bruecht, an do u Kanner verdeelt.

An Südafrika sinn e puer Projeeën zesummen duerch Claude entstaanen. Zum Beispill si mat lokale Betriber, Hochbeeter gezammert ginn, fir dass eng Rei Famillen an den Townships viru Kaptouwn, hiert eege Geméiss uplanze konnten.

Deen gréisse Projet, war awer ouni Zweifel deen, wou an engem Weesenheem, no béi Kapstadt, als Eicht een neien Dach, zesumme mam Rotary finanzéiert gouf, an duerno eng Fotovoltaikanlag installéiert ginn ass. De Claude war de Koordinator vum Projet, zesumme mat sengem Frënd de Mike, deen doënnen wunnt, an Haut, och hei ass.

Deen Projet ass nach en cours. Leider konnt hien, dësen Chantier net ganz ofschléissen. Awer mir wäerten als Club dat Engagement, am Sënn vum Claude zu Enn féieren.

Open asbl vu Jonglënster, eng Asbl déi notamment am Beräich vum Food sharing aktif ass.

Och do war de Claude eng dreiwend Kaft, a souzesoen den Entermediaire zwëschent eisem Club an de Responsable vun Open.

Déi enk Relatioun mat Open, ass och ee Merite vum Claude, wou hien sie des Öfteren am Lokal zu Jonglënster besicht huet.

Bei der Geleeënheet, huet hie matkritt, wat vu Material oder Equipement nach gebraucht gëtt. An dann ass dëst zesumme mam eisem Rotary Club organiséiert respektiv finanzéiert ginn

Ee weidert Beispill vu sengem Engagement am Rotary.

De Parrainage vum Rotary Club Strossen, Mamer, Bartreng.

Mir si wärend senger Presidence gefrot ginn, fir een neie Club ze parrainéieren. Ouni ze wësse wat dat genau heescht, hu mir spontan als Club jo gesot. An de Claude war deejéinegen deen dësen neie Club berodend, a mat gudde Rotschléi zur Säit stoung. An domat, zum Succès vun deem neie Club bäigedroen huet.

De Claude haat vill Talenter, een dovun war sécher, Reesen organiséieren.

Bei der Organisatioun vu Reesen, war hien a sengem Element.  Hien wosst genau, wéi een eng Rees organiséiert an zesummestellt.

Dir kënnt mir gleewen, eng kleng oder eng grouss Rees organiséieren, dat huet him vill Freed gemaach.  

Ech denken do z.B. un eis onvergiesslech Rees a Südafrika lescht Joer.

Et kann ee soen, dass de Claude an der ganzer Welt doheem war. Um Waasser, an der Loft an zu Land, huet hien eise Planéit bereest.

De Claude war och iwwerall bekannt a beléift.

 Am Nepal hu mir ee Projet fir Drénkwaasser realiséiert, an do sinn honnerten Käerzen ugefaange ginn, fir him ze gedenken.

Och eng Delegatioun vun eisem Partnerclub Bad Waldsee Aulendorf, sinn extra Haut ob Mamer komm, fir dem Claude eng lescht Éier ze erweisen. Vielen Dank für eure Präsenz.

De Claude hannerléisst ee riese Lach an eiser Mëtt. Ëmmer wa mir net genau wossten, wéi mir ee Projet oder eng Organisatioun sollten ugoen,

dann ass meeschtens gesot ginn, komm fir schwätze mol mam Claude. An de Claude hat ëmmer, eng gutt Idee parat. Elo ass de Claude net méi do, a mir mussen eleng als Club eens ginn. Dat gëtt net einfach, well de Claude feelt elo schonns iwwerall.

Mir verléieren, ee formidable Rotarier, an ee gudde Frënd. Eis Gedanke si beim Karin an der ganzer Famill.

Karin weess, dass de Rotary Club Jonglënster Syrdall och an der Zukunft fir hat do wäert sinn.

Mir verneigen eis, virun engem wonnerbare Mënsch, deen eis leider vill ze fréi verlooss huet.

Et war eis eng Eier, de Claude gekannt ze hunn, a soe merci fir déi vill a schéi Momenter, déi mir mat him erliewe konnten.

 Mir wäerten als Rotary Club hien ëmmer a gudder Erënnerung behalen.

Claude, mir soen dir elo Äddi, a wënschen dir all Guddes ob denger leschter Rees.

Daniel Agostini

fir de Rotary Club Junglinster et Syrdall